Manager-Coach: eng alternativ Management-Haltung
Public cible
Contenu
D’Formatioun ‚Manager-Coach‘ ass eng Formatioun, déi et erméiglecht, säi Managementstil ze entwéckelen. Se baséiert op Techniken aus dem Coaching. D’Zil ass et, seng Ekippen oder Mataarbechter ze begleeden, andeems een se encouragéiert, hir eege Léisungen ze fannen an esou hir Autonomie ze fërderen. Dofir behandelt d’Formatioun:
- De Kontext, an deem d’Haltung vum Manager-Coach agesat ka ginn an hir Virdeeler;
- D’Haltung, déi een an engem Gespréich als Manager-Coach soll unhuelen (Akzeptanz, Nolauschteren, emotional Intelligenz, Opmierksamkeet, Upassungsfäegkeet, Responsabilitéit, Froe stellen);
- De Verlaf vun engem Gespréich an der Roll vum Manager-Coach.
Et gëtt op Theorien a Modeller wéi Centered Leadership (John Addair), d’beräichert Nolauschteren (inspiréiert vun de Wierker vum Carl Rogers e.a.), d’PNL (logesch Niveauen no R. Dilts), Transaktiounsanalys (Karpman-Theorie), adaptativen Leadership (Blanchard) oder och Outile wéi den "Hero’s Journey" an de GROW-Modell agaangen.
Objectifs
Um Schluss vun der Formatioun ass de Participant kapabel:
- Ze ënnerscheeden, wat Coaching ass, a wéi eng Haltung e Manager- Coach unhëlt;
- D’Situatiounen ze identifizéieren, an deenen d’Attitüd vum Manager- Coach ubruecht ass;
- Ze decidéieren, eng Coach-Haltung unzehuelen, seng Stäerkten an Opmierksamkeetsberäicher ze erkennen an dobäi seng Integritéit oprecht ze erhalen;
- Säin Niveau vum Nolauschteren ze erkennen an ze reflektéieren;
- Verschidde Coaching-Tools auszeprobéieren;
- Begrëffer aus der PNL (programmation neurolinguistique) an der Transaktiounsanalys (analyse transactionnelle) matenee ze verbannen;
- E Modell fir de Verlaf vun enger Coaching-Sessioun unzewenden;
- Zilgeriicht Feedback auszeschaffen an auszeprobéieren.
Modalités d'inscription
Détail des dates
EC-1042-02: 4. an 18. Juni 2026 (09h00 – 16h00)
EC-1042-03: 1. an 15. Oktober 2026 (09h00 – 16h00)
Sessions
| Code | Date | Format | Durée | Formateur | Disponibilité | Inscription |
|---|---|---|---|---|---|---|
| EC-1042-02 | 04-06 au 18-06-2026 | Présentiel | 12 heures | Didier LEMEIRE | Pas de place libre pour cette date | |
| EC-1042-03 | 01-10 au 15-10-2026 | Présentiel | 12 heures | Didier LEMEIRE | 0 place | Pas de place libre pour cette date |
Détails
Cycle de compétences
- Formation continue
- Certificat de qualification en management public (CQMP)
Partie du catalogue
01. Leadership & management
Thèmes
- Communication
- Leadership et management
Lieu de la formation
Institut national d'administration publique 10, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Gestionnaire de formation
- Tél:
- 247-83151
- E-mail:
- VIVIANE.JEROLIM@INAP.ETAT.LU