Schafft eng Preventiounsprozedur fir Är Administratioun aus zum Thema Mobbing a psychosozial Risiken
Public cible
Contenu
Den Service psychosocial vun der Fonction Publique proposéiert Iech en Atelier vun 2 Deeg - cibléiert fir GRH’en an Chef.fes d'administration, zum Thema Harcèlement, demande de protection an hirem Lien mat den psychosoziale Risiken.
Et ginn effektiv Obligatiounen am Statut vun der Fonction publique zu deenen Themen, wou Verwaltungen bei der Ëmsetzung oft op Problemer stoussen. Awer och d’Ëmsetzen vun konkreten Mesuren wat den Schutz vun der (mentaler) Gesondheet vun den Agenten an dat erof setzen vun psychosozialen Risiken (och Mobbing oder Konflikt) ass net ëmmer einfach.
An dësem Atelier hutt Dir d'Chance, zesummen mam Service psychosocial vun der Fonction publique un enger individueller Strategie a Prozedure fir d'Preventioun vu psychosozialen Risken a vun der Protektioun vun Ären Agenten ze schaffen.
Dir kritt d'Méiglechkeet, Är aktuell Situatioun an der Administratioun en profondeur z'analyséieren, nei Tools kennenzeléieren an an engem konstruktiven Austausch mat Experten an aneren Participanten ze kommen an best practices ze deelen. Ziel ass et, Iech als GRH'en oder Chef.fes d'administration, an Ären Efforten fir d'Gesondheet vun all Agent ze schützen an ze ënnerstëtzen.
Et handelt sech also net em eng standardiséiert Formatioun – mee em e Format, dat Äert spezifescht Aarbechtsëmfeld mat en compte hëlt – alles valoriséiert wat Dier schonn gutt maacht an do ze ergänze wou et fir Iech sënnvoll ass. Zil ass et, datt Dir no dësen 2 Deeg mat engem konkreten Aktiounsplang an der Hand erausgitt, deen direkt ëmgesat ka ginn.
Objectifs
Um Schluss vun der Formatioun ass den Participant kapabel:
- D'Gesetzer, déi am Kader vum Mobbing a vun der mentaler Gesondheet op der Aarbechtsplaz gëllen, an hirer Verwaltung uwenden.
- Mobbing als psychosozial Gefor erkennen an et vum Konflikt ënnerscheeden.
- D'Zesummenhäng tëschent psychosoziale Geforen an der Gesondheet vun den Agenten erkennen, souwéi d'Obligatiounen vum Employeur identifizéieren.
- D'Obligatiounen vum Employeur beim Schutz vun den Agenten identifizéieren.
- D'Aktiounen bestëmmen, déi am Fall vun enger Kris/ Noutsituatioun ze huele sinn.
- Bestëmmen, wéi eng Moossnamen een als Persoun an enger Schlësselpositioun fir de Schutz vun den Agenten am Kader vun der Preventioun ergräife muss.
- Eng éischt Versioun vun enger interner Prozedur ausschaffen, zum Schutz vun den Agenten géint psychosozial Gefore.
Modalités d'inscription
- Dans un premier temps, nous transmettrons votre demande d'inscription au formateur qui procédera à sa validation. Si le critère d'éligibilité est rempli, la formation sera confirmée et une confirmation de participation vous sera envoyée en temps utile.
- Pour garantir une participation équilibrée, la capacité d'accueil est limitée à deux personnes par administration.
Détail des dates
- EC-4818-01 : 9. an 10. Juni 2026 (09h00–12h00 an vun 13h00-16h00)
- EC-4818-02 : 10. an 12. November 2026 (09h00–12h00 an vun 13h00-16h00)
Remarques
Sessions
| Code | Date | Format | Durée | Formateur | Disponibilité | Inscription |
|---|---|---|---|---|---|---|
| EC-4818-01 | 09-06 au 10-06-2026 | Présentiel | 12 heures | Jenny BÖNIGK, Jill POHL | Cours terminé | |
| EC-4818-02 | 10-11 au 12-11-2026 | Présentiel | 12 heures | Jenny BÖNIGK, Jill POHL | 10 places | S'inscrire |
Détails
Cycle de compétences
- Formation continue
- Cours au choix (Stage)
Pré-requis
D'Formatioun « Premiers secours en santé mentale » gemaach ze hunn, ass e Virdeel.
Partie du catalogue
04. Développement de l'organisation
Thèmes
- Processus et qualité
- Santé et sécurité
Lieu de la formation
Institut national d'administration publique 10, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Gestionnaire de formation
- Tél:
- 247-83138
- E-mail:
- PATRICK.BACK@INAP.ETAT.LU