Zertifikat Lëtzebuergesch léiere léieren (ZLLL)

Public cible

Persounen, déi um Sujet interesséiert an dovunner betraff sinn

Contenu

Well ëmmer méi Leit wëlle Lëtzebuergesch léieren, siche mir pro Semester 5 Leit, déi dorunner interesséiert sinn, dës Formatioun am Institut National des Langues ze absolvéiere fir dono regelméisseg Lëtzebuergesch Coursen an der Fonction publique ze ginn.

D'Formatioun gëtt am "blended learning" - Format ofgehalen. 50 % vun de Coursë ginn a Form vu Presenzunterrecht ofgehalen, déi aaner 50% sinn "Auto-Apprentissage" op der Léierplattform Moodle. (Exercicer, schrëftlech Aarbechten, Präsentatiounen etc.) Nom Ofschloss vun der Formatioun ginn 120 Stonnen op de Compte Formation gutt geschriwwen.

Dës Formatioun gëtt vum Institut National des Langues (INLL) ugebueden an organiséiert. Dir fënnt weider Informatiounen ënnert: Sech weiderbilde fir Lëtzebuergesch ze ënnerriichten.

Objectifs

Um Enn vun der Weiderbildung wäerten d'Apprenantë fäeg sinn:

  • d'Grondlage vun der Erwuessenebildung, d'Kompetenzentwécklung an d'Léierprozesser ze erklären an sproochgeschichtlech Kenntnisser a relevante Bildungs- a Léierkontexter anzebannen.
  • theoreetesch a praktesch Kenntnisser aus der Sproochendidaktik unzewenden, passend Methoden auszewielen an en didaktesch fundéierten Unterrecht ze plangen, duerchzeféieren an ze reflektéieren.

Modalités d'inscription

Wann dir interesséiert sidd, dës Formatioun ze absolvéieren an dono Lëtzebuergesch Coursen an der Fonction publique ze ginn, mellt Iech beim Lena Schneider, Responsable de Programme (lena.schneider@inap.etat.lu).

Sessions

Code Date Format Durée Formateur Disponibilité Inscription
EC-8043-01 03-10 au 12-06-2027 Blended learning 120 heures Inscription clôturée

Détails

Langue luxembourgeois
Durée 120 heures
  • Formation continue
  • Cours au choix (Stage)

  • “Diplôme de fin d'études secondaires classique/technique” oder en equivalenten (unerkannten) Diplom
  • Sproochkenntnisser am Lëtzebuergesche um Niveau C1 (minimum) nom europäesche Referenzkader.

08. Langues

Institut National des Langues Luxembourg 21, boulevard de la foire L-1528 Luxembourg

Image avatar générique
Nadine Olinger
Tél:
247-73143