Administratiivt Schreiwen op Lëtzebuergesch

Public cible

Agenten/Agentinnen, déi am (berufflechen) Alldag reegelméisseg Texter op Lëtzebuergesch schreiwen.

Contenu

  • D'Basisstruktur an d'Elementer vum Bréif
  • D'Basisstruktur an d'Elementer vun der E-Mail
  • D'Prinzippie vun der administrativer Sprooch
  • D'Héiflechkeetsform
  • D'Ofkierzungen
  • D'Ressourcë vum LOD
  • Glossairë mat geleefege Formuléierungen an nëtzleche Wierder

Objectifs

Um Enn vun der Weiderbildung wäerten d'Apprenantë fäeg sinn:

  • Reegelen a Recommandatiounen am Beräich vum administrative Schreiwen erëmzeginn an ze applizéieren.
  • D'Basisstruktur an déi eenzel Elementer vun engem Bréif oder enger Mail ze kennen.
  • Bréiwer a Mailen no de Prinzippie vum administrative Stil an engem gehuewenen, korrekte Langage ze formuléieren.
  • Feedback ze ginn iwwer hir Erfarungen am Beräich vun der Formulatioun vun administrative Bréiwer a Mailen op Lëtzebuergesch.
  • D'Hëllefsmëttelen, déi den ZLS (Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch) zur Verfügung stellt, am Beruffsalldag ze notzen.

Modalités d'inscription

Les places disponibles sont accordées sur la base du principe « premier arrivé, premier servi » pour autant que les demandes répondent au public-cible défini pour la présente formation. Le nombre de places disponibles affiché dans le tableau ci-dessous ne prend pas en compte les demandes en cours de traitement introduites au cours des dernières 24 heures.

Détail des dates

Session EC-8124-03

  • 05. - 22. Oktober 2026: 6 Stonne Moodle autonom Léierphas
  • 23. Oktober: 4 Stonne Workshop (10h00 - 12h00 an 13h00 – 15h00) präsentiel am INAP

Session EC-8124-04

  • 09. – 26. November 2026: 6 Stonne Moodle autonom Léierphas
  • 27. November: 4 Stonne Workshop (10h00 - 12h00 an 13h00 – 15h00) präsentiel am INAP

Remarques

An der autonomer Léierphas léieren d’Participanten d’Reegelen an d’Recommandatiounen am Beräich vum administrative Schreiwe kennen.

Am Workshop schreiwen se selwer administrativ Bréiwer a Mailen an engem gehuewenen, korrekte Langage.

Déi verschidden Hëllefsmëttelen LOD a Spellchecker gi virgestallt.

Sessions

Code Date Format Durée Formateur Disponibilité Inscription
Administratiivt Schreiwen op Lëtzebuergesch
luxembourgeois
10 heures
  • Formation continue
  • Cours au choix (Stage)

D'Weiderbildung "D'Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch: Basiscours".

Néidegt Material:

  • E Computer oder e Laptop;
  • Eng Webcam;
  • En Headset oder e Computer-Mikro + Lautspriecher oder e Casque;
  • Eng stabil an sécher Internetverbindung;
  • Idealerweis en 2ten Bildschierm.

Mir géingen Iech bieden d'Formatioun an engem rouege Kader ze maachen, ouni Oflenkung, fir eng besser Konzentratioun an fir gegebenenfalls mam Formateur an deenen aneren Participants kënnen ze kommunizéieren.

08. Langues

  • Cours de langue

Institut national d'administration publique 10, avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg

Image avatar générique
Melody Morgado
Tél: 247-83161